History

Am Joer 1998 hunn d’Paerdsfrënn Uelzechtdall Hesper den Entschloss geholl fir en neien Fuesbal an der Héichbuerg vun der Lëtzebuerger Fuesent zu Hesper ze organiséieren. Den 18. Februar 1998 war dunn esou weit, an dëst direkt mat groussem Succès. Hien huet den Numm “Piccobello-Fuesparty” kritt, een Numm deen haut net méi aus dem Kalenner vun den Fuesboken ewechzedenken ass.

War déi éischt 2 Joer de Piccobello am Centre Civique an am Festzelt virdrun, esou sinn mir aus diversen Grënn am Laf vun den Joren op den P&R Lux-Süd emgeplënnert. Zënter 2017 ass de Piccobello erëm zréck am Centre Civique.

De Piccobello ass ee Garant fir bescht Stëmmung an ass ee vun den renoméiersten Fuesbaler an der Regioun. Am Verlaf vun den vergaangenen Joren hunn esou namhaft Orchesteren wéi “Life Style”, “Diesel on Tour” de Fausti, d’Trei Sei aus dem Sauerdall, “Best of 5”, “Wildbach” an eis Frënn aus Franken “d’Aischzeit” den Piccobello musikalesch begleed. Ausserdeem sinn DJ’s wéi “Hoffi - Zambezi” “DJ Seppi” an den “DJ Paul Marshall” ëmmer erëm gär gesinn Gäscht bei eis.

De Piccobello ass méi ewéi ee Fuesbal, de Piccobello ass einfach extra.... dofir kommt all a verbréngt en onvergiesslechen Owend bei eis. Genau wéi beim “Hesper Dirndl Hüttenfest”, ee weideren “Highlight” vun den Paerdsfrënn, iwwerloossen mir näischt dem Zoufall. Mat eisem Partner Voyages Sales-Lentz bréngen mir iech op de “Piccobello” a bréngen iech no engem flotten Owend och erëm um sécheren Wee heem.