Transport

Parking

Parkplazen fann dir "Am Waischbändchen" um Site vum Alzenger Oktoberfest. Vun do sinn et just 3 Minutten zu Fouss laanscht den Hesper Gemengepark bis bei den Centre Civique.

Plang Parking & Accès op de Site (PDF).

Nightrider

Fir eng gudd a sëcher Hin an Heemrees ze garantéieren, hun mir ewéi gewinnt och dës Kéier en Partenariat mat Sales-Lentz an hierem NIGHTRIDER.

Dësen fantasteschen Service hëlt Iech virun Ärer Hausdier of, an bréngt Iech duerno nees heem. Zeckt net fir elo Ären Nightrider op www.nightrider.lu ze réservéieren.